TOP THEMA MAGAZIN RTL, 12. Februar 2019
De Beruff vun der Hiewan - vill Verantwortung a wéineg Unerkennung?
Se begleeden d'Fraen duerch d'Schwangerschaft, bréngen d'Kanner op d'Welt a sinn och duerno do - am Idealfall.
D'Realitéit gesäit dacks anescht aus, virun allem zu Lëtzebuerg. Vun der strammer Beruffsausbildung iwwert de Konkurrenzkampf mat den Dokteren hin zur kuerzer an onperséinlecher Betreiung vun de Patientinnen.
Am Géigesaz zu den Nopeschlänner spillen d'Hiewanen zu Lëtzebuerg éischter eng ënnergeuerdent Roll. D'Schwangerschaft, d'Gebuert an d'Nogebuertsphas ginn hei am Land virun allem vum Gynekolog betreit, der Hiewan begéine vill Fraen eréischt an der Maternité bei der Gebuert.
Fakt ass awer, dass och zu Lëtzebuerg all Fra d'Recht op d'Betreiung duerch eng Hiewan huet, och ausserhalb vun der Klinik.
Zanter dem éischte Januar rembourséiert d'CNS 5 Visitte wärend der Schwangerschaft a jee no Fall eng Betreiung vun 2-3 Wochen no der Gebuert. Doriwwer mussen d'Fraen awer informéiert ginn an hei sinn d'Hiewanen op d'Kooperatioun vu Gynekologen a Pediateren ugewisen, déi di néideg Ordonnance schreiwe mussen.
Vun de ronn 270 Hiewanen, déi et zu Lëtzebuerg ginn, schaffen der grad emol geschate 25 fräiberufflech. Dat huet säi Grond ënnert anerem an der Bezuelung.
Fir eng Fra 2 Wochen no der Gebuert ze betreien, kréien d'Hiewanen zanter dem 1. Januar e festen Tarif vun 155 Euro brutto, egal, wéi dacks se sech dofir deplacéiere mussen. Fir 3 Woche sinn et 258 Euro.
Gebuerten ausserhalb vun der Maternité gëtt et zu Lëtzebuerg quasi keng. Vun de ronn 7.000 Kanner, déi 2018 op d'Welt komm sinn, ware grad emol 7 Hausgebuerten. Dat läit ënner anerem dorun, dass op der CNS keng Tariffer dofir ageschriwwe sinn. Fir dass déi fräi Hiewanen hei an engem sécheren Aarbechtsfeld schaffe kéinten, missten hir Tariffer esouwäit gehéicht ginn, dass se Assurancë bezuele kënnen, déi se couvréieren.
Am Reportage begleede mir zwou Hiewanen an hirem berufflechen Alldag, ginn der Fro no, wéi enge Problemer se hei begéinen a firwat sech d'Situatioun vun den Hiewanen zu Lëtzebuerg esou vun der an den Nopeschlänner ënnerscheet.
Offizielle Communiqué
Neues Logo für bessere Hebammenbetreuung in der Zukunft
Frischer Wind im luxemburgischen Hebammenverband:
Im Jahr 2019 feiern wir das 100-jährige Jubiläum des luxemburgischen Hebammenverbandes ALSF (Association Luxembourgeoises des Sages-Femmes) und haben dafür heute Abend unser neues Logo präsentiert.
Wir als Hebammenverband setzen uns verstärkt für bessere Bedingungen bezüglich Gesetzgebung und Vergütung ein, da leider in Luxemburg nicht alle Frauen bzw. Paare den Dienst von Hebammen in vollem Umfang in Anspruch nehmen können.
Dabei sollten alle Schwangeren, Gebärenden, aber auch Mütter und Väter mit ihrem Neugeborenen von der Hilfe einer Hebamme profitieren können.
Es ist erwiesen, dass durch bessere Hebammenbetreuung, es weniger Frühgeburten, Kaiserschnitte, vaginal operative Geburten (wie z.B. Geburt per Saugglocke oder Geburtszange) und postpartale Depressionen gibt.
Schwangere sollten auch frei entscheiden können, ob sie ihr Kind in einer Klinik oder zuhause auf die Welt bringen möchten, aber für Hausgeburten könnte das luxemburgische Gesundheitssystem die Bedingungen verbessern und auch eine Eröffnung des ersten Geburtshauses in Luxemburg wäre zu begrüßen.
Des weiteren ist es unser Ziel, endlich das Niveau einer zeitgemäßen Hebammenbetreuung zu erreichen.
Und damit unser Beruf einen höheren Stellenwert bekommt, plädieren wir für eine Ausdehnung der Ausbildung auf 4 Jahre und die Schaffung eines Bachelor-Diploms, so dass auch in der Zukunft dieser verantwortungsvolle Beruf gesichert ist.
Dieses Jahr am 15. November veranstalten wir die Jubiläumsfeier, welche mit Fachkonferenzen und einer Ausstellung begleitet wird.
VIDEO: